top of page

Zanter Mee 2019 spillt Greiweldenger Musek ënnert der Leedung vum Mil Muller.

​

De Mil ass an engem musikaleschen Haus grouss ginn.

No sengen Eltren a senger Schwëster huet och hien mat 5 Joer am Eveil musicale zu Luerentzweiler ugefaangen. Säi Papp spillt Trompette a seng Mamm huet Klarinett/Saxophon Alt gespillt. An awer huet et de Mil vun Ufank un un d’Perkussioun a virun allem un d‘Batterie gezunn.

 

Am Alter vun 8 Joer huet de Mil seng éischt Coursen an der Perkussioun am Stater Conservatoir geholl. Duerno ass hien an de Conservatoire du Nord komm, vir klassesch Perkussioun ze léieren. Nierft der klassescher Perkussioun, huet de Mil och Batterie geléiert, bei ënner anerem dem Al Ginter an dem Niels Engel, wou en 2014 säin 2. Präis gemaach huet. 

​

Vum Ufank vu senger musikalescher Carrière un, war de Mil a Blosorchesteren aktiv. Hei huet de Mil och d’Léift zu Blechblosinstrumenter kennegeléiert. Sou spillt hien geleeëntlech Euphonium oder Bass, wat hien iwwert en Emwee vun der Trompett als Kand vu sengem Papp bäibruecht krut. 

​

Inspiréiert vu sengem Papp, dem Yves Muller, dee selwer iwwer 25 Joer als Dirigent vun e puer Museksveräiner aktiv war, huet de Mil Interessi un der Direktioun entwéckelt. Ënnert der Leedung vum Yves ass de Mil an déi verschidden Aspekter vun der musikalescher Direktioun agewise ginn. No intensiver Virarbecht krut de Mil am Joer 2016 d’Méiglechkeet bei der Jugendmusek vun der Fanfare Sandweiler fir dat Geléiert an d’Praxis emzesétzen.

​

Am Mee 2019 huet de Mil nierft der Jugendmusek vun der Fanfare Sandweiler och d'Greiweldenger Musek als Dirigent iwwerholl. 

​

​

 

bottom of page